Eidel Still
ฝัง
- เผยแพร่เมื่อ 10 ก.พ. 2025
- 1.Däi Gesicht huet an der Sonn sou schéin geliicht
deng hell Hoer hunn do Schied gemaach
mee eis Léift war net mei sou an der Riicht
dat war fir mech eng traureg Saach
An ech froe mech ops du et weess
an obs du dat dann och gutt verstees
weis du mir gesot hues dass du gees
matt enger Bees lo op eng aner Rees 2x
2.Mir ware jo schonn sou laang beieneen
mä lo soss du fir ëmmer Neen
däi Stull de wäert fir ëmmer eidel sinn
well ech dech net mei wäert gesinn
An ech froe mech ops du et weess…..
2 bis: Mee ech hoffe wann dann d´Zäit vergeet
dat et spéider da rëm besser geet
dat et dir eng Kéier deet da leed
a du kenns erëm mat Freed
An ech froe mech ops du et weess
Op dengem Stull do hänken och keng Kleeder mei drop
an du kenns och net mei Trap erop
4. Ech hunn d´lescht Nuecht net gutt geschlof
de Mount de war ze weit erof
deen huet dunn duerch d´Fënster geluusst
wei e Gespenst dat sech net verfuusst