Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You Love Me?
  • 11
  • 1 170
#56 Loivos - E Bléck an d'Band
Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band ⁠Loivos⁠. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe!
Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op:
30.12.2024 Rocas (Luxembourg)
25.01.2025 La Chouée (Metz)
05.03.2025 MK Bar (Belval)
09.08.2024 Klierf
Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!
Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi
มุมมอง: 80

วีดีโอ

#55 Eileen Byrne - Wat geschitt hannert de Kulisse vun engem Filmset?
มุมมอง 832 หลายเดือนก่อน
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Ech Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwe...
Special Edition - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia
มุมมอง 443 หลายเดือนก่อน
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer ...
#53 Loïc Juchem - The Show Must Go On!
มุมมอง 657 หลายเดือนก่อน
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer. An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir? Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze ...
#52 Saint Charles - Ëmmer humble bleiwen.
มุมมอง 777 หลายเดือนก่อน
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? - Gemengen: Süden vs. Norden - Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns - Street Credit: "...
#50 Thomas Roland - De Maale Gars mécht Schluss
มุมมอง 1198 หลายเดือนก่อน
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech? Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal? - Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn? - Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opze...
#49 Elisha Winckel - Aktivismus matzen am Zuch
มุมมอง 579 หลายเดือนก่อน
Fir déi heiten Episode waren den Elisha Winckel an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen: ➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann. ➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trot...
#46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!
มุมมอง 62ปีที่แล้ว
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass déi lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀 #luxembourg #lëtzebuerg Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer...
#44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!
มุมมอง 112ปีที่แล้ว
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner? 🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt? 🌿 Wat sinn d'Vir an N...
#43 IREM - Female Support an der Musekszeen
มุมมอง 74ปีที่แล้ว
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff! Wouriwwer schwätze mir? ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek? ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch? ➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien? ➡️ Manner Confi...
#42 - Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum Sexual Abuse
มุมมอง 397ปีที่แล้ว
#luxembourg #podcast #cecidoyouloveme #sexualabuse #letzebuerg CECI GOES TH-cam (elo réicht? - jo!) An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun. Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een onverfälschten Abléck an d’Realitéit ...

ความคิดเห็น

  • @luka1123
    @luka1123 ปีที่แล้ว

    'Promosm'